
De Pensionär huet sech Suerge gemaach ëm säi Villchen, deen, zanter hien am Spidol wier, eleng doheem wier. 2 Deeg schonn, ouni Fudder a frëscht Waasser.
An och dofir ass d’Police do. D’Beamten hunn net gezéckt, sinn den Hausschlëssel bei den eelere Mann siche gefuer an no der Perruche kucke gefuer. Si hunn de Villchen temporär an en Déierenasyl bruecht, wou e versuergt gëtt, bis säi Proprietär nees aus dem Spidol entlooss gëtt.