
De “Séibier"-Bëbee, dee sech op enger Duerchgangsstrooss verlaf hat, konnt e puer Mol nëmme knapp Kollisioune mat Autoe vermeiden. Zwee Polizisten haten d’Robb entdeckt, nodeems d’Déier iwwert d’Strooss gewatschelt war.
Aenzeien haten d’Police informéiert, datt een Otter op enger Strooss zu San Rafael ënnerwee wier. Dat jonkt Déier hat sech dunn awer als “Ouererobb” vun der Aart vun den Nërdlechen “Séibieren” erausgestallt. Si zeechne sech duerch hire besonnesch dichte Pelz aus.
Well de gerette Séihond op de Biller an dichtem Eefeu ze gesi war, krut d’Déier séier de Spëtznumm “Ivy”. Den Ivy ass an de Marine Mammal Mamendéierzenter zu Sausalito bruecht ginn, wou e virop iwwerwaacht soll ginn. Gewéinlech verbrénge Robben déi meescht Zäit am oppenen Ozean wäit ewech vun der Küst an op ofgeleeënen Inselen. Wéi dat jonkt Déier sech an der Bucht vu San Francisco verlaf huet, ass nach net gewosst.