Ouschterasaz zu BremerhavenPompjeeë retten Intejippelchen aus Kanalisatioun - seng Famill kuckt no

RTL Lëtzebuerg
E spezielle Rettungsasaz gouf et um Ouschtersonndeg: Ënnert den Ae vun enger Intemamm an hire Jippelcher hunn d'Pompjeeën e Klengen aus dem Grill geholl.

Passend op Ouschteren hunn d’Pompjeeë vu Bremerhaven en Intejippelchen gerett. Dee Klenge war duerch e Stroossegrill gefall, wou Passanten et um Ouschtersonndeg entdeckt hunn. D’Intemamm an zéng Geschwëster-Jippelcher hunn de Pompjeeën no “ouni Enn” nom verluerene Familljemember geruff.

D’Jippelchen hätt sech wuel dono am Kanalisatiounsnetz verlaf. Fir et unzelackelen, hu Pompjeeë mam Smartphone d’Riff vun der Mamm opgeholl an d’Schnadderen duerch verschidde Griller ofgespillt. Esou ass et hinne gelongen, d’Jippelchen an e Schacht ze lackelen a vun do aus ze retten.

“Monter an offensichtlech net blesséiert huet d’Intefamill hiren Ouschterspadséiergang weidergefouert”, hunn d’Pompjeeën nom Asaz gemellt.

Back to Top
CIM LOGO