
Ma säitdeem schéngt sech d’Populatioun vun der Saiga, eng Antilop mat enger spezieller Nues, erëm lues a lues z’erhuelen. 2019 huet een hir Unzuel op ronn 334.000 geschat, 2021 op 842.000 a bei enger Zielung am Abrëll 2022 koum een op 1.318.000.
D’Déiere liewen haaptsächlech an der Regioun an an ëm Kazakhstan, mä och a méi klenger Unzuel an der russescher Regioun Kalmykia an an der Mongolei.
E Grond dofir, datt hir Unzuel esou wäit zeréckgaangen ass, ass nieft Krankheeten och déi chinesesch Medezin an där der Saiga hir Hare vill gefrot ass. Kazakhstan geet dann och zanter 2019 méi streng a méi konkret géint Wëlderer vir, well an deem Joer zwee Ranger, déi op d’Déiere sollten oppassen, ëmbruecht goufen.
D’Juegd op d’Déieren ass nämlech zanter 1990 verbueden. Ma well hir Populatioun sech aktuell esou ausbreet, gëtt vun Déiereschützer gefaart, datt Kazakhstan d’Gesetz, wat d’Juegd vun de Saiga verbitt a wat nach just bis 2023 leeft, net méi wäert verlängeren.