
No enger deeglaanger Sich war d’Python am Auto vum Proprietär erëmfonnt ginn: D’Déier hat sech ënnert der Händschekëscht hannert der Kabelverkleedung verstoppt. Dat melle japanesch Medien en Dënschdeg. De Virfall war an der japanescher Groussstad Kurashiki am Südweste vum Land geschitt.
De Besëtzer vun der zwee Kilo schwéierer Wiergeschlaang hat d’Déier de Weekend bei engem Kolleeg ofgeholl, deen e puer Deeg op d’Schlaang opgepasst hat. Wéi hie se aus dem Auto huele wollt, konnt hie se net méi fannen. Doropshin hätt en Team vun zéng Polizisten an der Stad nom Déier gesicht. Schlussendlech huet sech dann erausgestallt, datt d’Schlaang d’Gefier net verlooss hat.
Pythone sinn net gëfteg a bréngen hiert Fudder ëm, andeems si se wiergen. Haaptsächlech erniere si sech vun Déiere wéi Villercher oder Mamendéieren. De Besëtzer vun der Schlaang hält se an enger Glaskëscht a senger Wunneng. Eng Erlabnis brauch hien dofir net.