Riseg Ausstellung an der Stad an zu EttelbréckLUGA: Ronn 17km Ausstellungen ronderëm Natur a Kultur

IPL
Den Entrée fir quasi all d'Installatiounen ass gratis a kënnen einfach um Tour besicht ginn ! D'Luga leeft bis Mëtt Oktober.

D’Luga huet hire groussen Optakt dëse Weekend den 10. an 11. Mee. Et ass déi gréisst Gaardenausstellung an Europa!
Iwwert 6 Méint lafen dofir ronn 1500 Eventer an 100 Installatiounen an der Stad an zu Ettelbréck!

- Wéi bréngt d’Luga Kultur an Agrikultur zesummen?

- Wéi setzt d’Luga sech ausernee mam Thema vun enger nohalteger Stad?

- Woufir steet de Slogan „dat Onsiichtbaart siichtbar maachen!” ?

D’Äntwerten op dës a weider Froe kritt Dir dës ganz Woch op RTL Radio Lëtzebuerg oder kuckt elo schonn op LUGA.lu oder hirer Facebooksäit.

3x1 Fro - Luga 05.05.2025

3x1 Fro - Luga 06.05.2025

3x1 Fro - Luga 07.05.2025

3x1 Fro - Luga 08.05.2025

3x1 Fro - Luga 09.05.2025

luga.lu

Back to Top
CIM LOGO