Wann de private Mediekonsum ëffentlech gëttFirwat haart Videoen um Handy stéieren, mee kaum een eppes seet

Vidosava Kuzmic
Am Bus, am Café oder an der Salle d’attente: den Handy gëtt eraus geholl, TikTok-Videoe gekuckt oder telefonéiert – an dat alles iwwer Lautsprecher. Fir déi Leit ronderëm heescht dat: matlauschteren, ob se wëllen oder net.
Firwat haart Videoen um Handy stéieren, mee kaum een eppes seet
Fir erauszefannen, wéi d’Leit reagéieren wann een haart den Telefon benotzt, hu mir e klengen Test gemaach.

Vill Leit si genervt, verdréinen d’Aen – mee reagéieren? Dat geschitt rar.

“Et ass e Mangel u Respekt, mengen ech, vis-à-vis vun deenen anere Leit”, seet eis e Passagéier am Tram. Anerer ginn zou, datt si sech schwéier domat dinn, ze reagéieren: “Ech traue mech net, mee et géif een am léifste gären eppes soen. Mee nee, ech soen näischt.”

Fir erauszefannen, wéi d’Leit wierklech reagéieren, hu mir e klengen Test gemaach.

Den Test mat verstoppter Kamera: vill Blécker, laang Rou

An engem Café um Lampertsbierg stellt eis Kolleegin Samantha d’Gedold vun de Leit op d’Prouf. Hatt kuckt Videoen um Handy – op vollem Volume. D’Reaktioune loossen net laang op sech waarden: Blécker, verwonnert Gesiichter, e bësse Kapprëselen. “Esou eppes hunn ech hei nach ni erlieft! Am Zuch a Bus jo, awer hei…", seet eng Cliente. Mee trotzdeem: laang seet keen eppes. Och wéi d’Samantha iwwer Lautsprecher telefonéiert, bleift et roueg. Bis ee Mann sech traut, anzegräifen: “Ech hu gefrot, ob hatt Kopfhörer hätt oder den Toun méi lues kéint maachen. Fir mech ass et normal, eppes ze soen.”

Firwat also halen esou vill Leit de Kaméidi léiwer aus? D’Professer fir Sozial-Psychologie Katharina Schwarz erkläert: Konflikter ginn dacks als Risiko empfonnt. “Mir wëllen net an de Konflikt trieden. Mir wëssen net, wéi déi aner Persoun reagéiert. Mir brauche schonn eng uerdentlech Motivatioun, fir an de Konflikt ze trieden.” Dobäi kënnt de sougenannte Bystander-Effekt: wa vill Leit ronderëm sinn, fillt sech jidderee manner responsabel, esou d’Expertin.

“A Situatiounen, fir déi mir keng etabléiert Verhalensmuster hunn, orientéiere mir eis un den Aneren. Et huet een d’Gefill, dass d’Responsabilitéit sech op all d’Leit verdeelt. A mat all Persoun, déi dobäi steet, fillen ech mech e bësse manner zoustänneg, selwer eppes ze maachen.”

Sensibiliséierungscampagne zu Lëtzebuerg geplangt

An eiser Ëmfro op der Strooss, genee sou wéi bei eise verstoppten Tester am Café an am Tram, gëtt kloer, dass de Gros vun de Mënsche sech méi Récksiicht wënscht, besonnesch am ëffentlechen Transport. An e puer europäesche Stied gëtt et schonn Initiative géint esou Verhalen. Zu London gouf zum Beispill eng Campagne géint déi sougenannten “Headphone Dodgers” lancéiert – also Leit, déi ouni Kopfhörer Videoe kucken oder Musek lauschteren. Och zu Lissabon gouf et esou eng änlech Campagne, an zu Dublin ass eng an der Maach.

Mir hu beim Mobilitéitsministère nogefrot, wéi d’Situatioun hei am Land gehandhaabt gëtt. Do heescht et, datt d’Acteure vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg zesummen decidéiert hätten, nach dëst Joer eng Sensibiliséierungscampagne zu deem Thema ze lancéieren.

Och d’Stad Lëtzebuerg probéiert scho méi laang, d’Leit fir e respektvollt Verhalen am Bus ze sensibiliséieren. Zanter 2019 leeft an den AVL-Busse reegelméisseg d’Campagne “Bon Comportement dans les bus”. 2025 gouf doran och explizitt d’Thema “Volume adéquat dans les bus” integréiert.

Net ëmmer stécht Egoismus hannert esou Situatiounen, erkläert d’Katharina Schwarz. Heiansdo wieren d’Leit einfach esou an hirem Smartphone verdéift, datt si net mierken, wéi vill Kaméidi si maachen. Gläichzäiteg spillt och d’sozial Ëmfeld eng Roll: “Wann et am eegene sozialen Ëmfeld üblech ass, dann ass d’Warscheinlechkeet méi grouss, datt een et selwer och mécht.”

Mee d’Léisung ass eigentlech simpel: Kopfhörer un – an aus engem haarde Smartphone gëtt erëm e private Moment. An e bësse méi Rou fir all déi Aner.

Back to Top
CIM LOGO