Bal vum Lift an zwee GerapptMann an Indien spréngt dem Doud esou just vun der Schëpp

RTL mat Reuters
Et hat net vill gefeelt, fir datt e Mann an Indien vun engem Lift an zwee gerappt gi wier. Wéi hien nämlech erausklamme wollt, ass d'Kabinn mat héijer Vitess weidergefuer.

En Awunner vum Wunnkomplex Sardar Heights zu Valsad an Indien huet wéi duerch e Wonner eng liewensgeféierlech Situatioun just liicht verwonnt iwwerlieft. Hien ass dem Doud esou just vun der Schëpp gesprongen, wéi de Lift, aus deem hien erausklamme wollt, genau an deem Moment nees mat héijer Vitess weidergefuer ass.

D’Biller vun iwwer Iwwerwaachungskamera weisen genau dee Moment, wéi dëst passéiert ass. Wéi de Mann nämlech erausgeklommen ass, huet de Lift nees ugezunn, obwuel d’Dier vun dësem nach op war. De Mann rutscht nach esou just aus dem Lift eraus, éier hien vun dësem an zwee gerappt gi wier. De Mann knuppt nach mam Kapp géint de Kader vum Lift, éier hie brutal op de Buedem fält. Hie gouf no dëser Situatioun liicht blesséiert an d’Spidol ageliwwert.

Éischten Aschätzungen no ass et wéinst enger technescher Pann zu dësem dramateschen Tëschefall komm. De Lift gouf dofir och fir d’Awunner am Haus gespaart. D’Autoritéiten aus der Stad hunn och ordonnéiert, datt déi 36 Lifter am Wunnkomplex solle kontrolléiert ginn.

Mann an Indien spréngt dem Doud esou just vun der Schëpp
Et hat net vill gefeelt, fir datt e Mann an Indien vun engem Lift an zwee gerappt gi wier. Wéi hien nämlech erausklamme wollt, ass d’Kabinn mat héijer Vitess we

Back to Top
CIM LOGO