Fréieren Déifferdenger BuergermeeschterRoberto Traversini an éischter Instanz zu dräi Joer Prisong mat integralem Sursis verurteelt

Diana Hoffmann
Géint de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter an Deputéierte vun déi Gréng gouf um Stater Geriicht en Donneschdeg eng Strof gesprach.
Roberto Traversini zu dräi Joer Prisong mat integralem Sursis veruerteelt
Géint de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter an Deputéierte vun déi Gréng gouf um Geriicht an éischter Instanz eng Strof gesprach.

D’Strëmp mam grénge Kléiblat, déi de Roberto Traversini en Donneschdeg de Moien ugedoen hat, konnten e Scholdsproch net evitéieren. De fréieren Député-Maire vun Déifferdeng gouf zu 3 Joer Prisong mat integralem Sursis an enger Geldstrof vun 10.000 Euro verurteelt. Doriwwer eraus soll hie bannt 5 Joer keen ëffentlecht Mandat däerfen unhuelen.

Enn Januar war him de Prozess op 11 verschiddene Punkte gemaach ginn. D’Reproche waren ënner anerem Prise illégale d’interêts, Verontreiung vun ëffentleche Gelder a Fälschung. Vill rieds gaange war am Prozess, iwwer Haus zu Nidderkuer wat de Roberto Traversini spéider geierft huet. Bei Aarbechten dorunner soll hien seng Positioun als Buergermeeschter a President vun der Beschäftegungsinitiativ Cigl fir säin eegenen Avantage genotzt hunn. Ënner anerem andeems Stroossenaarbechte gemaach goufen, déi net korrekt ausgeschriwwe gi wieren. An dësem Kontext wier et och zu der Fälschung komm. Doriwwer eraus wieren och Materialkäschte fir weider Aarbechten ëm d’Haus net, oder net direkt, bezuelt ginn.

Mat den 3 Joer Prisong mat integralem Sursis sinn d’Riichter vun der 7. Chambre Correctionnel awer 1 Joer hannert de vum Parquet gefuerderte 4 Joer Prisong mat Sursis integral zréckbleiwen. Domat ass d’Geriicht op e Minimum vum Strofmooss erofgaangen, wat bei de Reprochë méiglech war. E Fräisproch um Reproche vun der Fälschung, wéi dem Roberto Traversini säin Affekot Rosario Grasso gefrot hat, gouf dann net vum Geriicht zréckbehalen. “Wa mir d’Urteel an den nächsten Deeg kréien, musse mir kucken, wat d’Iwwerleeung an d’Begrënnung vum Geriicht ass”, huet den Affekot betount. Eréischt dono géing een decidéieren, ob een Appell wéilt maachen.

D’Fro, wéi säi Mandant dann dorop reagéiert, dass en elo 5 Joer laang keen ëffentlecht Mandat däerf unhuelen, kommentéiert de Rosario Grasso, dass dësen dat net wëlles gehat hätt. Ob d’mannst hätt en dat gesot, wou hien vun de Riichtere gefrot gi war. Hien hätt och dem Roberto Traversini erkläert, dass wann en Deel vun de Strofdoten, déi him virgeworf goufen, géing zréckbehale ginn, dat eng normal Konsequenz wier.

Fir d’Partnerin vum Roberto Traversini, där reprochéiert gouf, Kompliz vun der Prise illegale d’interêt gewiescht ze sinn, gouf eng Geldstrof vu 5.000 Euro festgehalen. Och hiren Affekot, de Gennaro Pietropaolo sot, et misst een elo kucken, ob een Appell wéilt maachen. “Et stellt sech effektiv d’Fro vun der Geldstrof, déi relativ héich ass. Dat hätt och en direkten Impakt op d’Situatioun vun der Madamm en Vue vun hirem Casier”, huet den Affekot ënnerstrach. De Gemengebeamten, dee mam selwechte Reproche, wéi d’Partnerin vum Roberto Traversini, konfrontéiert war, gouf da fräigesprach.

Mat dësem Urteel kommen elo also bal 6 Joer Waarde fir de Roberto Traversini virleefeg op en Enn. D’Reprochë ware jo an der Suitte vun der Gaardenhaischen-Affär 2019 opkomm. Ob et dann nach eng zweet Ronn an der Affär wäert ginn, bleift maximal 40 Deeg ofzewaarden. Esou laang hunn déi bedeelegt Parteien Zäit, fir an Appell ze goen.

Back to Top
CIM LOGO