
© Patrick Greis
Mam 'Hallo RTL Club' huet fir d'Biggi Lechtermann e Liewen an de Medien ugefaangen. Fir d'éischt bei Radio Luxemburg, duerno virun der Kamera bei RTL plus an och d'ZDF huet ugeklappt fir verschidden Emissiounen, dorënner d'Kannersendung '1, 2 oder 3' wou se d'Relève vum Michael Schanze iwwerholl huet. Am 'Café des artistes' erënnert d'Moderatorin un déi 15 Joer zu Lëtzebuerg. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et och ëm en 'Hole in one' an Autoscourssen a mir héieren dass se zweemol vun der verstoppter Kamera erageluecht gouf. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um fréieren Premier an Europäeschen Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Mat him geet riets iwwer säin Hond, den Trump an de Putin, a mir héieren dass hien Bügel geléiert huet, Fussball gespillt huet an d'Televisioun elo an der Nuecht kuckt.
