Diddeleng a Garer Quartier
D'Police mellt nees eng Partie Abréch

© AFP
Am Bulletin um Samschdeg de Moie gräift d'Police zwee Abréch vun e Freideg eraus, dat zu Diddeleng an an der Stad am Garer Quartier.
Abriecher waren e Freideg am Nomëtteg an der Rue Robert Schuman zu Diddeleng an en Eefamilljenhaus agebrach. Éischten Informatiounen no wieren d'Täter duerch eng Fënster an d'Haus erakomm an hätten dëst duerchwullt. Ob eppes geklaut gouf, gëtt net ernimmt.
E Freideg den Owend da ware Brigangen an der Stroossbuerger Strooss an der Stad aktiv, déi Kéier awer an engem Appartementshaus. Hei wiere Suen an Auere geklaut ginn.
Enquêtë goufen a béide Fäll an d'Weeër geleet.
Am meeschte gelies