D'Plaz ronderëm d'Tréierer Porta Nigra ass wuertwiertlech an d'Jore komm. Elo goufe Pläng presentéiert, wéi d’Alentouren nei amenagéiert solle ginn.

Grouss Verännerung zu Tréier / Reportage: Noa Ganeto

Dat wat den Eiffeltuerm fir Paräis, de Manneken Pis fir Bréissel oder de Schifen Tuerm fir Pisa ass, dat ass d'Porta Nigra fir Tréier.Et ass déi eng Attraktioun, un déi een direkt denkt, wann een den Numm vun der Stad héiert, a laanscht déi keen Tourist kënnt. Egal op fir déi 3,5 Millioune Visiteuren, déi pro Joer an der Stad passéieren, oder fir d'Tréierer selwer: d'Porta Nigra ass déi Plaz, wou ee sech zu Tréier trëfft. 
 
D’Porta Nigra huet mëttlerweil ronn 1.850 Joer um Bockel. *

Mä net nëmmen d’UNESCO-Weltkulturierwe selwer, och déi ganz Plaz ronderëm kënnt esou lues an d’Joren. De "Porta-Nigra-Platz" ass aktuell net déi beschte Visittekaart fir Tréier. Déi lescht Joren huet d’Stad Tréier probéiert, de Flair mat Blummen a Palmen e bëssen ze verbesseren. Mä de generellen Androck bleift: d’Porta Nigra wierkt vernoléissegt. Vill Bëtong, vill Trafic, kee Schied, keng Sëtzméiglechkeeten. Dees ass ee sech och bei der Stad Tréier bewosst: "Der Zustand, mit teilweisen Ausbesserungen im Bodenbelag und so weiter, das bedarf jetzt einfach einer Überarbeitung, einer Erneuerung, und deshalb gehen wir das jetzt auch aktiv an.”, seet den zoustännege Baudezernent Dr Thilo Becker.

Mat neie Buedemplacken ass et awer net gedoen. Dat ganzt Porta-Nigra-Ëmfeld soll opgewäert ginn. De gréisste Problem ass d'Strooss, déi ronderëm déi réimesch Paart leeft. Dat Verkéierskonzept aus de 50er/60er Joren ass net méi zäitgeméiss. Autoen däerfen zwar scho méi laang net méi duerch déi Strooss fueren, mee et ass nach ëmmer eng Haaptverkéiersachs fir déi stättesch Bussen. Do wou elo Bussen quasi am Minuttentakt passéieren, sollen an Zukunft Foussgänger flanéieren. Déi beléifte Zone Piétone soll bis bei d’Porta Nigra verlängert ginn, d’Foussgängerzon an de "Porta-Nigra-Platz" solle matenee verschmëlzen. Mä d’Verleeë vun de Busquaien ass nëmmen den éischte Schratt.
 
Et sollen zousätzlech Sëtzméiglechkeeten installéiert ginn, an déi ganz Alentoure sollen och – Stéchwuert Klimawandel - méi gréng ginn. Och dat ass keng ganz einfach Aufgab. Den Dr Thilo Beckers erkläert, dass d’Vue op d’Porta Nigra fräi bleiwe muss. Trotzdeem solle Beem geplanzt ginn, fir de sëllege Visiteuren an Zukunft och Plazen am Schied bidden ze kënnen. Déi gréissten Erausfuerderung ass den Héichtenënnerscheed. D’Porta Nigra läit näämlech ee gutt Stéck méi niddereg wéi déi aktuell Stroossen an Haiser. Dat läit dorunner, dass de Stroossenniveau am Laf vun de Joerhonnerten no uewe gewandert ass. Oder wéi de Baudezernent et formuléiert: d’Tréier vun haut steet um “Schutt von mehreren Jahrthunderten”. Den Héichtenënnerscheed muss beim Reamenagement idealerweis ouni Trapen iwwerwonne ginn.

Elo leie Pläng vum Berliner Atelier Loidl um Dësch, déi weisen wéi déi bekanntste Plaz vun der Stad an Zukunft ausgesi soll. Mä och Roum gouf net an engem Dag gebaut. De Baudezernent Becker erkläert, dass d’Aarbechte fréistens 2027 ufänke kënnen.
 
Dat erënnert vill Tréierer un 2010. Deemools war ee schonn emol eng Kéier esou wäit wéi haut. Viru 15 Joer ass de Projet awer un de Sue gescheitert. Elo sinn déi Responsabel awer optimistesch, Mëttel aus engem spezielle Fong vum Bund a vum Land Rheinland-Pfalz ze kréien. Vill Tréierer hoffen, dass d'Pläng dës Kéier net am Tirang verschwannen, an dass déi bekanntste Paart vun der Stad erëm déi Alentoure kritt, déi se verdéngt.

*An enger éischter Versioun vum Artikel war d'Joreszuel iertemlecherweis als 2.200 ugi gewiescht. De Mëssel gouf zënterhier no enger Lieser-Interventioun am Artikel richteggestallt.