De Summer ass op senger leschter Ligne droite, d'Deeg ginn nees méi kuerz an domadder kënnt och d'Camping-Saison sou lues op en Enn.

Spéitstens an e puer Wochen dierften déi lescht Touriste sech op de Wee heem maachen. Zäit, fir ee Bilan vun der Saison ze zéien. De Marc Hoscheid war sech op zwee Campingen am Éislek e Bild maachen.

Ugefaangen am Ourdall, méi genee op der Tëntesmillen bei Kaalber. Hei schwätzt ee vun engem ideale Joer. Vun der sougenannter Virsaison am Fréijoer, an där éischter Pensionäre kommen, bis an d'Haaptsaison mat virun allem jonke Famillje wier de Camping permanent gutt ausgelaascht gewiescht. Haaptgrond wier sécherlech dat gutt Wieder, mee et géing awer och nach aner Grënn ginn.

Florence Bertemes (Responsabel vum Camping Tintesmühle):

"Eist Ländchen huet vill unzebidden an alleguerten eis Campinger hunn ee gewësse Standard, déi hu sech ganz gutt eropgeschafft an hir Infrastrukture sinn um leschte Stand. D'Leit gesinn dat jo och an dat schwätzt sech ronderëm, sou datt d'Leit net sou wäit an de Süde fueren, mee sech soen, bei guddem Wieder kënne mer och am Grand-Duché bleiwen."

An am Gespréich mat den Touristen huet sech effektiv confirméiert, datt dës ee ganz positiivt Bild vu Lëtzebuerg hunn. Ma wat mécht een da sou, fir hei d'Zäit erëmzekréien?

Theo (Tourist aus Holland):

"Wir fahren hier durch die Berge, nach Deutschland, Luxemburg und ich geh hier in den Bach angeln."

Robin (Tourist aus Däitschland):

"Für uns ist das hier eine super Zeit, um zu entspannen. Wir können auf den Spilplatz gehen, vielleicht auch mal eine Runde über den Platz, die Wanderwege nutzen wir auch aber Fahrradfahren, dafür ist es uns hier zu steil."

Déi meescht Touriste kommen aus Holland an dem flamänneschen Deel vun der Belsch. Ma zanter der Corona-Pandemie kéimen och ëmmer méi Däitscher an dëst Joer hätten och vill Schwäizer de Wee an de Grand-Duché fonnt.

Och zu Kautebaach zitt een ee ganz positive Bilan vun der Saison. Nieft dem "normale" Camping bitt een hei och dat sougenannt Glamping un, wou een een Zelt oder eng Cabane loune kann. An och wa béid Beräicher dëst Joer gutt gelaf sinn, gëtt et awer Ënnerscheeder.

Kevin in’t Groen (Responsabele vum Camping Kautenbach):

"Am Fréijoer an am Hierscht hu mer extrem vill Wanderer, well mer um Lee Trail, um Escapeardenne, leien. Do hu mer vill Leit, déi trëppele kommen, déi sou mann wéi méiglech Bagage wëlle matbréngen, déi keen Zelt wëllen opriichten. Do profitéiere mer extrem vun der Offer, déi mer hei hunn, eisen dräi verschiddenen Zorte Locatiounsobjeten, déi mer hei hunn."

Am Summer kommen éischter d'Famillje fir dat klassescht Camping. An och ëmmer méi Lëtzebuerger fannen de Wee op d'Campinger am eegene Land.

Carole (wunnt zu Fréiseng):

"Mir hu ganz vill Bekannten, déi all Joer reegelméisseg hei hinner kommen. A mir hunn eis d'lescht Joer de California zougeluecht an du si mer d'lescht Joer eng Kéier komm, fir just ze testen an et huet eis sou gutt gefall, datt mer lo reegelméisseg sou weekends eropkommen."

Bei all der positiver Stëmmung gëtt et awer och Erausfuerderunge fir de Secteur. Dat wieren an éischter Linn déi héich Energiekäschten a Problemer, fir Personal ze fannen.