De René Winkin ass zanter 2015 Direkter vun der FEDIL, awer hat och scho vill aner Kapen op. Hie schwätzt iwwer seng Éisleker Wuerzelen a verréit firwat säin Häerz am Fussball fir Liverpool schléit. Am 'Café des artistes' ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer wéi e beim Sportsjournalismus gelant war, an erënnert un eng memorabel Soirée mam Astrid Lulling zu Stroossbuerg. Den Hobby DJ zielt wéi et hannert de Kulissen vu Wirtschaftsmissiounen ofleeft a firwat et a senger Studentenzäit beim Kleeschen zu enger brenzeleger Situatioun komm war. Piano: Marc Schmidt

Déi ganz nächst Woch géint 17h15 ass et um Simone Beissel. D'Deputéiert an Stater Schäffin hat schonn ëmmer vill Power an huet bis viru kuerzem just 4 Stonnen geschlof. Ballet, Piano, Schi a Schlittschong, Waasserschi, Seegelboot, Tennis, Reiden stinn oder stoungen ëmmer um Programm a virun 12 Joer huet se 'Skydiving' probéiert. Schonn an der Schoul hat si vill Energie an huet gär gebabbelt an dofir verwonnert et net dass se Affekotin ginn ass a spéider an d'Politik gewiesselt ass. Am 'Café des artistes' huet si dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt firwat Angscht vir si e Friemwuert ass, wéi vill Kazen an Honn si huet, wien doheem kacht, a firwat se schonn 4 Mol dem Dout vun der Schëpp gesprongen ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen