En Dënschden ass d'Meldung komm datt de fréiere Sportmoderator vun RTLplus den ULLI POTOFSKI haut virun enger Woch am Alter vun 73 Joer gestuerwen ass. Am Januar 2024 war den ULLI am RTL AFTERWORK an huet do aus senge Jore bei Radio Luxemburg, awer och iwwer d'Héichzäit wou RTL d'Rechter an der Bundesliga a bei Wimbledon hat geschwat. Rieds goung och vum Steffi Graf, Boris Becker a vun der Lady Di, déi hien opfuerdere wollt fir ze danzen. Deemools am 'Café des artistes' am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goung et ëm Sport, awer och ëm Lëtzebuerg, de Pott a seng Relatioun zu de Suen. Piano: Marc Schmidt

RTL-Afterwork: mam Ulli Potofski (Podcastversioun)