Beefort, Esch, Coque, Käl a Luxexpo.

Den Owend gëtt zu Beefort gefeiert datt d'Mauer vum Schlass erëm gefléckt ass. Fir de richtegen Toun suergen ënner anerem den André Mergenthaler, de Sixo an All Reitz Reserved.

De Programm fänkt um 20:00 un.

Nach bis 18:00 den Owend ass zu Esch am Ellergronn "Minett Treasures". Mat villen Ateliere fir Grouss a Kleng kann een déi faszinéierend Geschicht vum Minett besser kenne léieren. Den Entrée ass gratis.

Wa mir schonn am Minett sinn; um 18:00 fänkt eng Nocturne um Belval un. Do kann een den Owend op den Héichuewen eropklammen, mam Lift oder ze Fouss, fir eng eemoleg Vue op de Site. Déi lescht Montée ass um 22:30.

Elo um 16:00 fänken d'Halleffinalle vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters an der Coque un. Muer um 14:30 ass dann d'Finall

“Herakles” heescht dann déi nei Produktioun vun der Artistekëscht Käl-Téiteng. Dat Stéck gouf vun hirem Jugendgrupp recherchéiert a geschriwwen a gëtt och vun hinne selwer inzenéiert a gespillt. D'Opféierunge sinn den Owend um 20:00 a muer um 17:00 am Veräinshaus um Widdem zu Käl.

D`Kulturkommissioun vun der Gemeng Käerjeng invitéiert dëse Sonndeg vun 10:00 bis 18:00 Auer op den 8. KonschtTreff am Kulturhaus Käerjenger Treff.

An dëse Weekend ass da schonn déi 10. Editioun vun der SneakerMess Convention an der Luxexpo.