
Dem CAL säi Salon, Purple Disco Machine, KuFa Gebuertsdag a Black Stone Cherry.
Haut ass den Optakt vum 120. sougenannte « Salon » vum CAL. De Salon soll den Dräieck tëscht der Lëtzebuergescher Kënschtlergemeinschaft, dem Public, an de Konschtkritiker promouvéieren. Um Vernissage gëtt dann och de Prix Pierre Werner iwwerreecht, mat deem dat prägnantstent Bild vum Salon soll ausgezeechent ginn. De Marc Hostert, President vum CAL.
Am Atelier an der Hollerecher Strooss ass den Owend de Purple Disco Machine am Asaz.
D'Diere ginn um 19:00 op.
Eriwwer op Esch an d'Kulturfabrik wou den Owend den Ofschloss vum 40 + 1 Gebuertsdag ass. The Bloody Beetroots an ënner anerem den Dario Rossi, dat ass de Stroossekënschtler dee mat Eemeren an Accessoiren Techno mécht, trieden op.
A muer den Owend gëtt et rockeg an der Rockhal.
Black Stone Cherry kommen hiren 8. Album Screamin' At The Sky virstellen. D'Diere ginn um 19:30 op.