Wanterfeeling, Haupeschmaart, Mineral-Expo, Kaleo a Schëppes Siwen

09/11/2024 Den Agenda fir de Weekend

Nach haut a muer ass beim Suessemer Schlass de Wanterfeeling fir dëst Joer. Nieft Concerten erwaarden Iech och Spektakele mat Feier a Luuchten, an Iess- a Verkafsstänn.

Bis den Owend 18:00 an nach eng Kéier muer vun 10:00 bis 18:00 kënnt an der Luxexpo op der Mineral-Expo Edelsteng, Kristaller a Bijoue bewonnere goen.

Eriwwer an den Atelier, do ass den Owend den ausverkaafte Concert vu Schëppe Siwen.

Am Virprogramm spillen Dreamcatcher.

Muer ass zu Munzen de 35. Haupeschmaart. Um 9:30 ass déi traditionell Mass an um 10:00 geet et da lass mat méi wéi 100 Aussteller vu Konschthandwierk, iwwer lokal Produite bis bei professionell Maartleit.

A wann Dir dann nach e bëssen Energie hutt, kënnt Dir nach Kaleo an d'Rockhal kucken a lauschtere goen.

D'Diere ginn um 19:00 op. De Virprogramm ass fir 20:00 geplangt a Kaleo stinn dann um 21:00 op der Bün.