BMX, vill Bicher, de Myles Kennedy, Theater an de Glacismaart.

16/11/2024 Agenda

Den Owend um 18:00 schléit d'BMX-Häerz méi séier. Neen, net op enger Pist, mä an de Rotondes zu Bouneweg. Et ass d'Europameeschterschaft am BMX Freestyle Flatland.

Den Owend um 20:00 a muer den Owend um 17:00 invitéiert d'Reckenger Musek op hiert Theaterstéck "Den Toilettepabeier-Desaster". Gespillt gëtt am Centre Culturel zu Reckeng/Mess.

Dëse Weekend sinn dann d'Walfer Bicherdeeg mat muer der RTL-Dictée tëscht 10:00 an 12:00.

Muer ass och Glacismaart vu Moies 10:00 bis Owes 17:00.

An zu Esch an der Rockhal trëtt muer den Owend de Myles Kennedy op.

D'Diere ginn um 19:30 op an de Myles steet dann um 21:25 op der Bün.