
Télévie a Schlassmaart.
Zu Buerschent ass haut a muer Schlassmaart. An engem mëttelalterlechen Ambiente fënnt een hei Handwierk, Deko a regional Produiten.
E klenge Virgeschmaach op d'Researchers' Days d'nächst Woch an der Rockhal gëtt et schonn haut de Mëtten an der Belle Etoile bis nach 18:00.
De Mëtten um 16:30 kann een an der Belle Etoile Konschtwierker vum Lynn Kunnert steeën. D'Kënschtlerin huet prominent Leit portraitéiert, déi zum Deel dann och de Mëtten op der Plaz sinn, wéi zum Beispill Bob Jungels, d'Gebridder Schleck, d'Mandy Minella an de Lucien Czuga.
Den Erléis vun dëser Stee geet un den Télévie.
Wa mir scho beim Télévie sinn; zu Péiteng ass nach bis 19:00 Auer den Owend am ThreeLand Hotel e Wine Tasting mat wéi 90 Wäiner aus der ganzer Welt.
D'Escher Gemeng invitéiert op d'Wanterfest um Escher Gaalgebierg; haut a muer kënnt Dir do Wäffelcher vu Monakitchen kafen a schmaachen.
An zu Zowaasch organiséiere Lanz Bulldog Frënn Déifferdeng dëse Weekend den Adventsmuart. Och do gëtt fläisseg fir den Télévie gesammelt.