14/12/2024 Agenda fir de Weekend

Fänke mir mam Télévie un; haut fannt Dir en 3D Print Stand an der Nordstrooss Shopping Mile Maarnech.

D'Fanfare Schuller/Sprénkeng huet muer um 16:00 hire Wanterconcert am Musekssall zu Schuller.

A muer um 16:30 invitéiert d'Schenger Musek op de Winter Feelings-Concert an de Centre Maus Ketty zu Biermereng.

Chrëschtmaart dann zu Déifferdeng mam Tipi-Revival am Park; do ass den Owend 80er / 90er Party.

Zu Réimech heescht et dëse Weekend Winter Street Food Festival mat internationale Spezialitéiten.

Wanterzäit zu Klierf; och haut a muer ass eng lass. D'Veräiner empfänken Iech an der Adventsbud am Zentrum vun der Stad.

Chrëschtdagsstëmmung och zu Ettelbréck haut a muer um Chrëschtmaart.

Just nach haut a muer kënnt Dir op ee vun den 3 Chrëschtmäert op Diddeleng goen. Do fannt Dir ënner anerem den RTL Chalet an deem et flott Präisser ze gewanne ginn.

Um Wanterflair vun der Gemeng Hesper ass dëse Weekend erëm Chrëschtmaart am Park hannert der Gemeng.

An dann nach eppes fir Silvester: Kiwanis Gëlle Fra an de Lions Club Esch invitéieren op hire Silvester-Gala an den Hotel Royal. Nach kënnt Dir Iech umellen. Detailer op radio.rtl.lu 

Hei kann ee sech fir de Silvester-Gala umellen: