Virun allem Chrëschtmäert.

21/12/2024 Agenda fir de Weekend

Och dëse Weekend heescht et Wanterzäit zu Klierf. D'Butteker sinn op an déi lokal Veräiner empfänken Iech an der Adventsbud am Zentrum.

Bleiwe mir am Norde well och zu Dikrech ass haut a muer Chrëschtmaart. Chrëscht-Ambiance an der Groussgaass a Gratis Parking am Haff vum Kolléisch.

Den Owend um 8 ass e besënnleche Concert am neie Centre Culturel zu Gréiwemaacher.

A selbstverständlech sinn och dëse Weekend d'Chrëschtmäert an der Stad an zu Esch fir Iech op.

Méi Agenda op agenda.rtl.lu