Wat ass de Weekend lass?

22/02/2025 Agenda fir de Weekend

Déi franséisch Komikerin Alison Wheeler klëmmt den Owend eng éischte Kéier an der Rockhal op d'Bühn a liwwert hir paradox Usiichten iwwer Sujeten aus dem aktuellen Zäitgeschéien.

Begleet vu Sketcher a lëschtege Lidder konnt si scho méi wéi 60.000 Leit a verschiddene Stied begeeschteren. Hire Programm deen se den Owend virstellt heescht "La promesse d'un soir"

Muer um Sonndeg invitéieren d'Fraen a Mamme vu Käerch ab hallwer 3 op hir Kaffisstuff mat Tombola fir den Télévie am Remigiussall.

Interaktiv Aktiounen, Sonor Excursiounen an eng Explosioun u Kreativitéit versprécht d'Abtei Neimënster ab 11 Auer muer beim Spektakel Big Bang "La musique fait son carnaval". Venizianesch Masken, Brasilianesch Plommen, dir kënnt - jonk an al - verkleet kommen fir op d'Rhythmen vu Rio de Janeiro ze danzen.

An no enger sensationeller Après-Ski Saison geet et op der Hüttenparty - The Closing zu Hesper am Chalet an déi lescht Ronn, wéi ëmmer mam Motto Sunday is Funday mam DJ AL. Den Entrée ass fräi.

An zum Schluss nach e klenge Rappell fir den Télévie Motostour uechter d'Ländchen, deen de 26. Abrëll zu Rëmersche fortgeet, mat Stop a verschiddenen Centres de Promesses. Dir kennt Iech elo schonn umellen op der Email Adress: kayldaller@gmail.com