Dës Woch hat ech direkt zwee Invitéeën op Besuch, an natierlech och eng ganz Partie nei Lidder.

RTL
16/09/2024 Am Takt: C'est Karma

Lassgaangen ass et mam C'est Karma, wat leschte Freide säin Debut-Album "how to peel an orange" erausbruecht huet. Am Interview hu mir, ënner anerem, doriwwer geschwat wat säi klenge Brudder domat zedinn huet, dass hat elo Musek mécht, ma och sos wéi eng Influenz seng Famill op den Album a seng Konscht huet.

RTL
16/09/2024 Am Takt: Turnup Tun

Weidergaangen ass et mam TurnUp Tun. Hie war ausgangs 2023 scho bei mech op Besuch komm. Deemools hu mir nach iwwer seng eege Musek geschwat - hien hat grad säin Album "Nuit Blanche" erausbruecht - awer och doriwwer, dass hie sech an nächster Zäit méi wéilt op seng Karriär als Produzent konzentréieren. Elo ass et Zäit ginn e klenge Réckbléck vum leschte Joer ze maachen, an dee léist sech definitiv weisen.

An hei natierlech och d'Playlist vun dëser Woch: