An dësem Episod war erëm genuch lass. Grond dofir war déi nächst Rocklab Live Session an der Rockhal an d'Release vun No Future, dem gemeinsame Projet vun Dontnod a Mean To You.

23/09/2024 Am Takt: Don Cee, Dontnod X Mean To You & Krizla
RTL

En Donneschden (26/09) ass Hip Hop an der Rockhal virgesinn. 2 nei Talenter wëllen an der nächster Rocklab Live Session op sech opmierksam maachen. Fir d'éischt mol den Don Cee deen en Deel vu senger Kandheet an den USA verbruecht huet an awer hei zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaangen ass.

23/09/2024 Am Takt: Don Cee
RTL

An dann de Krizla, dee sech un enger amerikanescher Autosmark fir säi Kënschtlernumm inspiréiert huet an extrem vill vu sengem Brudder, musikalesch, mat op de Wee krut.

23/09/2024 Am Takt: Krizla
RTL

E Freiden (27/09) demonstréieren dann de Funez, Dontnod, an de Mulles, Mean To You, wéi gutt Si 2 musikalesch eens ginn. 6 Lidder sinn an de leschte Méint vun der Fusioun Dontnod / Mean To You entstanen an déi kommen elo op d'EP NO FUTURE.

23/09/2024 Am Takt: Dontnod X Mean To You

Feelt nëmmen nach d'Playlist vun dësem Episod: