An dësem Episod: de "ronnen" 40. + 1. Gebuertsdag vun der Kulturfabrik an de Luzac am Interview. Donieft nei Musek vu One Last Time, Boy From Home, Céline Heitz an ënner anerem Ninon.

RTL

De Weekend hunn zu Esch d'Festivitéite fir de Gebuertsdag vun der Kulturfabrik ugefaangen. 40 + 1 Joer feiert ee jo net all Joer. De Georges Goerens (Seed to Tree) ass Booker an der Kulturfabrik an huet de Programm matgestalt.

07/10/2024 Am Takt: We Have The Keys
RTL

De Luzac ass elo 2, 3 Joer als Museker aktiv a wëllt sech net sou richteg op ee Genre festleeën. Eent ass awer sécher; grad ewéi d'lescht Joer proposéiert hien och dëst Joer seng Lidder fir de Eurovision Song Contest.

07/10/2024 Am Takt: Luzac

An dann nach d'Playlist vun dësem Episod