De Studio war dës Kéier méi wéi gutt gefëllt. Et geet ëm Concerten en Donneschden an der Rockhal, e Freiden zu Ueweraanwen, e Samschden zu Bartreng an e Sonnden zu Diddeleng.

14/10/2024 Am Takt: Artists for Mental Health, Just About, Kitshickers & Scarlet Anger
RTL

Fir d'éischt war de Yacke bäigeschalt; hien huet zesumme mat der Gemeng Nidderaanwen déi nächst "Artists for Mental Health" op d'Bee gestallt.

14/10/2024 Am Takt: Artists for Mental Health
RTL

Duerno hu mir dem Sven Sauber säi Projet mam Elya Craig kennegeléiert. Déi 2 maachen ënnert dem Numm "Just About - A Musical Duo" Musek a presentéieren e Sonnden zu Diddeleng OpderSchmelz hiren éischten Album "Better Weather Day" (an net Bad Weather Day wéi ech am Interview gesot hunn :)).

14/10/2024 Am Takt: Just About
RTL

Du war et un de Kitshickers déi hire Concert vu virun 2 Joer an der Kulturfabrik widderhuelen, awer déi Kéier Unplugged, mat anere Museker a souguer engem Kannerchouer.

14/10/2024 Am Takt: Kitshickers Unplugged
RTL

An et war souguer nach Plaz fir déi nächst Rocklab Live Session an der Rockhal. Déi ass dësen Donneschde mat Scarlet Anger an Abstract Rapture (näischt fir sensibel Oueren ;)).

14/10/2024 Am Takt: Scarlet Anger

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod: