
Cosmokramer ass en elektronesche Pop-Duo mat 80er Feeling! Och d’Band Cyclorama ass am Studio op Besuch. Mir schwätzen iwwert béide Formatiounen hiren Optrëtt dëse Freiden an de Rotonden. Iwwer 35 Joer Experienz an iwwer 50 Songs huet de Gilles Zeimet scho publizéiert – elo ass säin neie Rock-Album dobaussen. Dat waren d’Themen um Méindeg Owend an der Emissioun am Takt.

Den Olivier Treinen an de Yves Stephany maachen zesumme Musek an trieden als Cosmokramer gemeinsam op. Ënnert anerem bei Metro hunn se schonn zesumme gespillt an 2016 wollten se et dunn erëm wëssen an sou huet sech Cosmokramer forméiert.
De Sebastian Laas an de Pierre Reyland, dat ass Cyclorama. Zanter 2009 gëtt et se an d'lescht Joer hunn se den Album "Kill the Myth" erausbruercht.

Cosmokramer a Cyclorama gesäit een e Freideg den Owend an de Rotonden. Fir eng Rocklab-Session stinn se do gemeinsam op der Bün.

Als lescht war de Gilles Zeimet op Besuch am Studio. Den Diddelenger lieft vun der Musek, ass och vill als Ghostwriter ënnerwee an huet elo rezent säi Solo-Album erausbruecht. Zanter 2017 mëscht hien elo eleng Musek, war virdrun ënnert anerem bei "No Name" aktiv.
An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform ze fanne sinn)