Op Besuch ware Mallows! 4 Frënn an een Zil: de Sound vun de 90er a 2000er erëm opliewen ze loossen. Sie hunn eis iwwert hier explosiv Optrëtter, och op internationale Büne verzielt. Next Deed si 5 Museker a bidden alternative Metal – a puer Deeg kënnt hiren neien Album eraus. OpenEyez huelen eis mat an hier Rap-Welt.

02/12/2024 Am Takt - Interviews vun dëser Woch
RTL

Mallows spillen de 7. Dezember zu Péiteng e Concert an hunn och eng nei Single mam Numm " Hey You" dobaussen. Hier Geschicht, déi 2015 ugefaangen huet, verzielen si eis an dësem Episod vun der Sendung "Am Takt".

02/12/2024 Am Takt - Mallows
RTL

Next Deed hunn sech 2021 forméiert a se bidden alternative Rock, Hard-Rock an och Metal. De 7. Dezember hunn och se eppes ze féieren, well da kënnt hiren neien Album "THE SOLDIER ACT 1" op de Marché. Op wat een sech do freeë ka gitt dir am Interview gewuer.

02/12/2024 Am Takt - Next Deed
RTL

Hannert OpenEyez stiechen de Laroudie Damien an den Dos Anjos Patrick. Moderne Rap an Hip-Hop ass dat, wat se gäre maachen an de 15. November hunn se hier nei Single "Carré VIP" erausbruecht. Sie wëllen sech an de nächste Méint am Land etabléieren an och op de grousse Festivaller hei am Grand-Duché an Zukunft optrieden.

02/12/2024 Am Takt - OpenEyez
RTL

Den Damien mëscht awer och alleng Musek! Ënnert dem Numm "Fontana". Wei a wat hier produzéiert verzielt en eis am Gespréich.

02/12/2024 Am Takt - Fontana

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform ze fanne sinn)