
Am leschten Episod vum Joer huet sech de Kevin Misci virgestallt. Hien ass Member vu Serpent Bite an zënter kuerzem huet hien de Projet Kivo van Twist an d'Liewe geruff. An de Georges Goerens (Seed To Tree, Bartleby Delicate & Englbrt) huet d'Loscht op säi leschte Concert vum Joer gemaach.

De Kevin Misci ass scho relativ laang als Museker aktiv, seng Band Serpent Bite huet schonn e puer Joer um Bockel, mat mat sengem neie Projet Kivo van Twist huet de Kevin sech selwer eng Freed gemaach, well hien hei Musek ëmgesat kritt, déi mat Serpent Bite an där Form net méiglech war.
Hei geet et op d'Facebook-Säit vu Kivo van Twist

An de Georges Goerens invitéiert Iech all dëse Mëttwoch (18/12/2024) an d'Rotondes fir de leschte Concert vun Englbrt fir dëst Joer. Dowéinst huet hien dann och eng Grupp aus der Belsch, Compact Disk Dummies, an de Grand-Duché geruff.
Méi Informatiounen iwwert de Concert
An hei nach d'Playlist vum leschten Episod "Am Takt" fir dëst Joer:
Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch.