
De Countdown fir déi grouss Show leeft. An och "Am Takt" ass am LSC-Modus. Déi nächst Woche léiert Dir d'Finaliste vum Luxembourg Song Contest kennen, ugefaange mam Laura Thorn & Zero Point Five.

Fir déi éischt Sendung am neie Joer (HNY by the way) ass d'Dekoratioun op ESC ëmgestallt ginn. A manner wéi 3 Woche wësse mir wien nom Tali de Grand-Duché beim Eurovision Song Contest vertrieden dierf. Ënnert de Finalisten dëst Joer ass d'Laura Thorn. Den Titel ass fir Lëtzebuerg op Mooss gemaach ginn an datt d'Laura elo scho Fans op der ganzer Welt huet, verréit d'Sängerin am RTL Interview.

3 Bands stinn dëst Joer an der Finall vum Luxembourg Song Contest, dorënner och Zero Point Five. De Kiko, de Gilles an de Chris wësse schonn zënter Jore mat hirem Sound ze begeeschteren, si fir hir Concerte bekannt a woen dëst Joer d'Aventure ESC.
Weider Informatiounen iwwert den LSC ginn et hei
An hei nach d'Playlist vun dësem Episod: