
Keng zwou Woche méi, dann ass et esou wäit : de Luxembourg Song Contest geet an der Rockhal an déi zweete Ronn.
Haut gitt Dir « Am Takt » méi iwwer d’Kandidate One Last Time a Mäna gewuer.

One Last Time hate schonn d’lescht Joer mat “Devil in the Detail” d’LSC Bün gerockt, a sinn dëst Joer mat “Gambler’s Song” nees mat derbäi. Wéi si als Grupp zesumme fonnt hunn a wéi hiert LSC Lidd entstanen ass hunn si eis am RTL Interview verroden.

Och fir d‘Alexia Rodrigues aka Mäna ass den LSC kee Neiland. D‘Lescht Joer war et esou just net duergaange fir an d‘Finall, dëst Joer ass si eng vu 7 Kandidaten a Kandidatinne fir op Basel. Am RTL schwätzt si iwwert dat lescht Joer an de perséinlechen Hannergrond vun hirem LSC Lidd „Human Eyes“.

Den 18. Januar ass zu Uewerkuer déi drëtten Editioun vum Hall o Metal Festival. Den Organisateur Hugo Nogueira an de Bassist a Sänger vun Desdemonia am RTL Interview.
An hei nach d'Playlist vun dësem Episod: