De Méinden nom Luxembourg Song Contest schwätze mir mat der Gewënnerin, dem Laura Thorn. De Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, Eric Lehmann ass och am Studio an Tuys stellen hier nei EP bei eis am Studio vir. E Mëttwoch den Owend ass e Rock-Concert an der Rockhal, ënnert anerem vun The Kools. Sie präsentéieren eis hier Musek.

27/01/2025 Emissioun Am Takt
RTL

Zanter e Samschdeg den Owend steet d'Nofollgerin vum Tali an déi néi Vertriederin vum Grand-Duché beim internationale Museksconcours fest. D'Laura Thorn konnt sech mam Lidd "La Poupée Monte le Son" géint déi sechs aner LSC-Finalisten duerchsetzen an huet um Enn vun der phenomenaler Show an der Escher Rockhal déi gliesen Trophée an domat den Ticket fir an d'Schwäiz gewonnen. 25 Joer huet d'Laura Thorn an huet de Luxembourg Song Contest dëst Joer gewonnen. Elo geet et am Mee op Basel an do vertrëtt d'Proff aus dem Conservatoire eist Land.

27/01/2025 Am Takt Laura Thorn
RTL

Den Eric Lehmann ass de Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, hie wäert elo an de nächste Wochen d'Laura begleeden an him zur Säit stoen. Wat een alles um Lidd elo nach dierf änneren, zielt hien eis am RTL Interview.

27/01/2025 Am Takt Eric Lehmann
RTL

© Shade Cumini

Den 28.Februar bréngt Tuys hier nei EP eraus an den 2. Mee triede sie an de Rotondes op. Am "Am Takt" stellen sie eis scho puer Single vir.

27/01/2025 Am Takt Tuys
RTL

The Kools hunn e Mëttwoch hier Rocklab Live Session am Floor an der Rockhal. Sie sinn en Duo, d'Maria an den Diego presentéieren eis e bëssen alternative Rock.

27/01/2025 Am Takt The Kools

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod: