
© RTL
"Intwoyou" nenne sech d'Louise an de Tom. Zwee jonk Leit, déi eigentlech am Film schaffen, awer och zesumme Musek maachen. Si presentéieren hier nei Single "Goodbye".
De Max Feller kënnt mat senger neier Nummer "Firwat fëmms du" an de Studio. An den Duo Tonnar Urwald huet sech um Lëtzebuerger Chansonnier Poutty Stein inspiréiert. Erauskomm ass de Projet "Kapoutty".
Den 5. an 7. Februar ass Release vum Album “KAPOUTTY”: Lidder vum Poutty Stein, nei interpretéiert vun Tonnar Urwald, am Théâtre National.
Fir de Visuell vum COVER huet de Kënschtler Raphael Gindt e grousse Graffiti vum Poutty Stein gemaach, zu Colmar-Bierg, dem Poutty senger Heemechtsgemeng.

© Raphael Gindt
Den Duo Tonnar Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner
am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier, wou den Text an d'Geschichten nees am Mëttelpunkt stinn, mam Serge senger bal erzielerescher Interpretatioun an dem Georges senge Pianoskläng, déi wéi d'Fauscht op d'A passen. No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm "Aus der Heemecht", hunn si elo hiren neien Album "KAPOUTTY" am Gepäck. Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi "Déi
Schnëss" oder "De schéine Poli", kritt een och manner Bekanntes (dofir net manner opreegend) ze héieren.
Den Album gouf komplett analog zu Amsterdam opgeholl gemixt a gemastered, dat an der Lullabye Factory.

© Max Feller
De Max Fellinger nennt sech, wann e Musek mécht, Max Feller. Hien huet rezent eng nei Single erausbruecht: "Firwat fëmms du?"
Och de Video dozou lount sech:

© Intwoyou
Intwoyou sinn e neien, lëtzebuergeschen Indie Duo. Hir Single "Goodbye" verbënnt elektronesch Elementer mat Popmusek. Thematesch geet et ëm eng Relatioun, déi een enttäuscht huet, an d'Bedierfnis domadder ofzeschléissen.
An hei nach d'Spotify Playlist vun dëser Woch: