Den Am Takt vun haut ass gutt gefëllt. An eiser Emissioun, wou d'Lëtzebuerger Musek am Mëttelpunkt steet, schwätzt de Loïc Juchem haut mam Adriano Selva, NOSI, Irem, Luc Spada a mam DJ Mike Welter.

RTL

© Steve Müller

10/02/2025 Am Takt: Adriano Selva

Den Adriano Selva ass ville Leit ënnert dem Numm Chaild bekannt. D'lescht Woch huet hien annoncéiert nëmmen nach Musek ënnert dem Numm Adriano Selva ze maachen. Et ass fir hien Zäit fir e Changement ginn, well och hien an de leschte Joeren ëmmer méi erwuesse ginn ass. Am RTL-Interview geet hien och drop an, wéi hien et dëst Joer op den ESC op Basel gepackt huet.

RTL

© KONKETIS ENTERTAINMENT

10/02/2025 Am Takt: NOSI

De NOSI huet d'lescht Woch seng nei Songe "So Good" erausbruercht. Den neien Song huet international op TikTok bis elo 20'000 Videoen genereiert an gouf 30'000 mool gepresaved. Mir schwätze mat him um Wee op Berlin.

RTL
10/02/2025 Am Takt: Irem

D'Irem Sosay, besser bekannt als Irem, ass eng lëtzebuergesch-tierkesch Pop-Sängerin. Diamonds & Birkins sou heescht säi neit Leit an mir kréien déi ganz nei EP am Interview presentéiert. Et geet vill ëm Léift an awer och doriwwer, wisou d'IREM sou e grousse Fan vum Nina Chuba ass. 

RTL
10/02/2025 Am Takt: Luc Spada

De Luc Spada ass dann och am Studio op Besuch. Ufank Mäerz ass hie fir eng Residenz an der Neimënster an huet och eng muskalesch Tuer dëst Joer. Köln, Berlin, Prag a Garnesch stinn um Programm.

RTL

© Mike Welter

10/02/2025 Am Takt: Mike Welter

"Den Ale Sak" - sou heescht dem Mike Welter säin neien Album. 45 Joer ass en elo am Musekbusiness aktiv an huet sech elo am Kader vu sengem 60ste Gebuertsdag dëse neien Album erausbruecht.

An hei nach d'Spotify Playlist vun dëser Woch: