
An eiser Emissioun am Takt presentéiere mer iech um Meiden Owend vill nei Musek an am Studio sinn den Don Piano, Cosmic Jerk, Bottlenecks an déi 2 Häre vun der Comedy-Show mam Yves a Guy.

Den Don Piano lieft vu senger Musek an huet de 14. Februar säin neit Lidd erausbruecht. Dëst Kéier awer net eleng, mee zesumme mat senger Partnerin dem Amia ass BOI entstanen. Ëm wat et am Lidd geet a wisou hien d'Amia laang huet missten iwwerriede fir mat him eng eege Produktioun opzehuelen, verréit hien eis am Interview.

Cosmic Jerk an d'Bottlenecks maache Rock-Musek an en Donneschde kann ee se zesummen an d'Rockhal lauschtere goen. Am Kader vun enger Rocklabsession triede sie do op.

Den Yves Desquiotz an de Guy Lepage maachen zesumme Comedy. Fir hier Optrëtter ginn awer och ëmmer eege Lidder komposéiert, rezent ass hinnen e richtegen Hit gelongen, mat Picon-Béier sinn se ënnert anerem op TikTok viral gaangen. Wärend der Fuesent, déi en Donneschden zu Lëtzebuerg ufänkt an nach bis en Dënschde mat geet, hunn se och puer Optrëtter geplangt.
An hei nach d'Spotify Playlist vun dëser Woch: