
Fuesméindeg natierlech mat Fuesmusek awer och mat neiem Geschier. De Luzac deen nach mat Je Danse beim Luxembourg Song Contest am Asaz war, huet en neit Lidd erausbruecht, déi nei Single vun Tuys ass och do an Dir héiert d'Resultat wann d'Lisa Mariotto an de Roll Rossi zesumme Musek maachen.

12 Punkte vun Estland beim Luxembourg Song Contest; e Moment deen de Luzac sou séier net vergiesse wäert. Mat 93 Punkte packt hien et Zero Point Five an der Gewënnerin Laura Thorn op déi 3. Plaz vun der nationaler Virentscheedung. Déck e Mount no der Finall an der Rockhal huet de Luzac schonn neit Material a säin Agenda fir déi nächst Wochen a Méint ass och gutt gefëllt.

D'Lisa Mariotto an de Roll Rossi si scho jorelaang musikalesch aktiv. Ronderëm Corona hu sech hir Weeër op en Neits gekräizt an esou ass et zu éischten Zesummenaarbechte komm. Fir hir gemeinsam Projete si keng Grenze gesat an et gëtt sech net op eng Richtung fixéiert, mol Blues, mol méi dancy, et ass vun allem dobäi.
An hei nach d'Playlist vun dësem Episod: