Am Am Takt vun dëser Woch hu mir iwwert d’Rocklab Session vum Lara Grogan an dem Rozeen, de 19. Mäerz an der Rockhal geschwat. Dernieft waren d’Tanja June, de Georges Urwald an den d’Carisa Dias beim Loïc Juchem am Studio.

17/03/2024 Am Takt
RTL

© Lara Grogan

D’Lara Grogan huet 21 Joer, studéiert zu Köln Musik und Tanz an trëtt reegelméisseg mat zwou Formatiounen op. Dat si Lara Grogan and Cello a Lara Grogan and Band. E Mëttwoch steet et am Floor an der Rockhal op der Bühn am Kader vun enger Rocklab Session an hei huet d’Lara sech eppes ganz Spezielles afale gelooss. Wéi et bekannte Lëtzebuerger Soen a Musek fir dësen Optrëtt verwandelt zielt et eis am RTL-Interview.

17/03/2025 Am Takt Lara Grogan

RTL

© RozeenMusic

An dëser Rocklab Session ass och d’Rozeen mat dobäi. Dat ass d’Zofia Branicka an offréiert akustesche Pop. Emotional a Sensibel – zwee Wieder déi dem Rozeen seng Musek beschreiwen.

17/03/2025 Am Takt Rozeen
RTL

© Max Lucas

D’Tanja Duprez sengt elo schonn eng 12 Joer bei «The Noisemakers». Zanter 2023 sengt et och bei Neo Leone mat an elo 2025 wëll et och als Solo-Artisitin duerchstarten. De neie Kënschtlernumm ass Tanja June. Leschte Freideg koum d’Debut-Single «Summerbreeze» eraus. Summerbreeze ass e liewege Pop/Rock Song, inspiréiert vun deene Momenter, déi déi gro Deeg e bëssi manner gro maachen. Produzéiert gouf de Song vum Sacha Hanlet (Falcon).

17/03/2025 Am Takt Tanja June
RTL

De Georges Urwald huet den 23.03.2025 de Concert Lëtzebuerger Lidderflupp am Trifolion zu Ierchternach. Zësumme mam Debbie Marinkovic hëlt hien d’Spectateure mat op eng Lidderrees. Den Album Lidderflupp ass virun e puer Wochen erauskommen, dorop ze fannen sinn 10 Medleye a vill bekannte Vollekslidder aus dem Grand-Duché.

17/03/2025 Am Takt Lidderflupp
RTL

© Carisa Dias

D'Carisa Dias ass eng déi lëtzebuergesch-kapverdesch World Music-Sängerin an huet de 7. Mäerz säin éischten Album erausbruecht. De Stil ass immens villsäiteg a verschidde Museksgenrë wéi kapverdesch Morna, Afro-Beats, Bossa Nova, Pop a Soul ginn op eng inspiréierend Aart a Weis matenee vermëscht.

17/03/2025 Am Takt Carisa Dias

An hei nach alleguerten d'Lidder aus der Emissioun: