
Dës Kéier mat Reggae an elektronescher Musek. De Bert Jung, bekannt duerch ënner anerem Alfalfa, war op Besuch fir säin neie Projet Babanam virzestellen an och de WazToo huet fläisseg produzéiert.

Zënter gutt 7 Joer bréngen de Charel Geimer a Bert Jung ënnert dem Numm Alfalfa Musek op de Marché. Nächst grouss Etapp ass den Album-Release dëst Joer am Juni an der Philharmonie. Donieft huet de Bert och schonn eng Zäitche wëlles säin anere Projet, Babanam, endlech de Leit ze presentéieren. Dat ass dann elo mat der éischter Single "Slow Down" geschitt.
Hei geet et op d'Insta-Säit vu Babanam

Gaascht Nummer 2 an dësem Episod war den Tom, de WazToo, dee sech an de leschte Joer an der Zeen etabléiert a mat senger elektronescher Musek och de Wee an d'Ausland fonnt huet. Iwwert seng rezent Produktiounen ass et Am Takt natierlech och gaangen.
Hei geet et op d'Insta-Säit vum WazToo
An dann nach d'Playlist vun dësem Episod: