
T’ass erëm Zäit fir Lëtzebuerger Musek, nei interpretéiert vum Roll Rossi. Zu Péiteng organiséieren se e Metal Festival a mir ginn op déi nächste Rocklab Session an der Rockhal an. De Skuto an d’Band Skreen Brulee liwweren do eng Portioun Alternativ, Rap an Hip Hop Musek. Den Duo Tame and the Wild bréngt e Freiden hier nei Single eraus, mir lauschteren se schonn en Avant-Première.

Si hunn alle béid schonn a sëllege Formatioune Musek gemaach a sinn zanter enger Partie Joren d'Kärstéck vun der Band "The Tame and the Wild". D'Seja an de Flëpp sinn awer net just e musikalescht Duo mee och eng Koppel. An hirer Musek verschaffen se dat wat se am Alldag erliewen an et ass eng wichteg Zort vu Kommunikatioun an hirer Relatioun.

"Petange is Metal III" sou heescht de Metal-Festival an der Gemeng Péiteng, deen dëse Samschden organiséiert gëtt. Et ass gratis Entrée an et sinn eng ganz Partie Lëtzebuerger Bands mat dobäi. De Claude Kies geet am RTL Interview drop an, wisou dëse Festival grad zu Péiteng stattfënnt.

Um neien Album EELEF x GOLLO präsentéiert de Roll Rossi seng ganz eegen 11 Neiinterpretatioune vu Lidder vum bekannte Lëtzebuerger Museker Robert Gollo Steffen. Den Album ass d'leschte Freiden erauskomm.

De 16. Abrëll ass an der Rockhal erëm eng Rocklab-Session. Dëst Kéier sinn et de Skuto a Skreen Brulee déi do op der Bün stinn. D'Diere ginn um 20h00 op an Tickete ginn et online op rockhal.lu. De Charel Schmitz mëscht ënnert dem Kënschtlernumm "Skuto" Musek. De Rapper aus dem Süde vum Land studéiert zu Wien an huet virun enger décker Woch seng nei Single "Tunnelbléck" erausbruecht.

Skreen Brulee maachen Indie Rap an stinn an der Rockhal zu 2 op der Bün. De Mike Koster an de Skibi sinn en dynameschen Duo an trieden och mol heiansdo zu puer als ganz Band op. Fir dëse klengen Optrëtt huet ee sech drop gëeenegt zu 2 ze performen an de Leit vill verschidde Sounds zum Beschten ze ginn. Hier aktuellste Single nennt sech "AISBIER" a gouf bannent just puer Stonne produzéiert.
Hei nach alleguerten d'Lidder aus der Sendung: