
Dës Kéier mam Turnup Tun vun Ibiza, 2ManyModels an dem Festival Hell Keller zu Welleschten.

Et ass den Tun. An den Tun ass den Ament op Ibiza an engem Songwriting-Camp, da geet weider a Sizilien, fir och do u Musek ze schaffen. Viru kuerzem ass säi Album Nuit Blanche als Deluxe-Editioun Nuits Blanches erauskomm, a mat där och e puer Lidder déi bis ewell nach net publizéiert goufen. Dat sinn dach Grënn genuch fir op d'Insel ze schalten.

Bei 2ManyModels handelt et sech ëm eng Artistin (Produzentin an DJane) déi zu Paräis lieft a schafft. Wat huet dat mat Lëtzebuerg ze dinn? 2ManyModels ass hei zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaangen, huet och déi Lëtzebuergesch Nationalitéit an ass dëse Freiden am Peacock um Lampertsbierg fir deenen hire 4. Gebuertsdag ze feieren.

An dann ass et och nach op d'Musel gaangen. Net fir Wäifest oder e Bal mä fir e Festival deen déi lokal Metal-Zeen ënnerstëtzt. Hell Keller zu Welleschten geet iwwer d'Grenze vum Land eraus an esou sinn e Samschden net nëmme Lëtzebuerger Gruppen, mä och Bands aus dem Saarland an der Lorraine am Asaz.
An da bleift nach d'Playlist vun dësem Episod: