Dës Woch mam Déifferdenger "The Voice" an LSC Talent Joel Marques, an dem Duo Esancy.

19/05/2025 Am Takt
RTL

© Joel Marques

De Joel Marques huet 2023 ageschlo wéi e Koméit. Mat senger Performance vu "Way Down We Go" bei "The Voice of Germany" ass hie vun engem Dag op dee nächste bekannt ginn.

Bei der éischter Editioun vum Luxembourg Song Contest dun huet hien et mat "Believer" ënnert déi dräi bescht gepackt.

Am Interview verréit hien, dass en elo haaptberuffleche Museker ass, an dass de Fait sech net op ee musikalesche Stil ze limitéiere fir hien eng Selbstverständlechkeet ass.

19/05/2025 Am Takt Joel Marques Interview Deel 1

Och mam Nosi huet hie schonn zesummegeschafft.

19/05/2025 Am Takt Joel Marques Interview Deel 2
RTL

© Jil Zago / J.Z. Photography

De Sacha Heck an d'Cynthia Koch, dat sinn Esancy. Zwee Museker, déi a ville Genren a Kombinatiounen ënnerwee sinn, an elo eng weider gemeinsam Single erausbruecht hunn: "Shine"

19/05/2025 Am Takt Interview Esancy

An hei geet et bei d'Spotify-Playlist vun dëser Woch: