
Firwat war et 3 Joer laang roueg ronderëm den T The Boss. Wéi vill Courage brauch den Josh Island. A wat mécht eng Federatioun fir Museker an Interpreten. Äntwerten -> below.

Fir d'éischt war et um Josh Island dee mat "Courage" en neie Song huet. Mutt muss ee jo och als Artist hu wann een eleng op der Bün steet, ob dem Josh heiansdo de Courage feelt, fannt Dir am Interview eraus.

Duerno war et dunn um Rafael Possing, deen ee warscheinlech besser ënnert dem Numm T The Boss kennt. De Rapper huet sech 3 Joer Zäit gelooss fir nei Musek an déi ass elo endlech a Form vun der EP Deemools do. Mir hu gecheckt wéi vill Nostalgie drastécht.

An du war och nach d'FAMIL op Besuch. Eng nei Federatioun hei zu Lëtzebuerg, se bekëmmert sech ëm d'Museker an d'Interpreten aus dem Grand-Duché. Wéi hir Aarbecht ausgesäit a wat ee sech vun der neier Federatioun erwaart -> hei am Interview.
An hei nach d'Playlist vun dësem Episod: