
Och wann et waarm ass, gëtt iwwer Musek aus dem Grand-Duché geschwat. Zum Beispill Musek vun hei déi et bis op New York gepackt huet an 20 Joer Rockhal mat engem ganz spezielle Rendezvous fir lokal Kënschtler am September.

De Corbi (De Läb) war virun e puer Wochen zu New York fir seng Skillz am Big Apple ënner Beweis ze stellen. Am Takt huet de Gilles iwwert seng Rees, zesumme mam DJ PC, an d'States erzielt a wéi d'Stad déi ni schléift sech op seng Musek ausgewierkt huet.

Dir hutt et bestëmmt matkritt; d'Rockhal feiert dëst Joer 20 Joer. Dowéinst sinn am September direkt zwou gréisser Manifestatiounen. Eng de 27. September Open Air an déi aner de 24. September an der Rockhal selwer. Den Olivier Toth huet Am Takt de Programm fir ENCORE virgestallt, een Owend déi komplett der Lëtzebuerger Musek dediéiert ass.
An hei nach d'Playlist vun den Owend: