
Stellt iech vir dir kommt mam engem Auto heem, wou de Noper mol net weess, datt et esou eng Mark iwwerhaapt gëtt. Esou kann et iech ergoen, wann der wéi de Christian Schmit mat engem X Peng heem kommt. Déi Mark kënnt aus China, an hie war mam Modell P7 hei zu Lëtzebuerg ënnerwee.
''X wat'', waren dacks Reaktiounen. Jo wëll di Mark, déi et tatsächlech eréischt 10 Joer gëtt, huet och elo hir Zelter zu Lëtzebuerg opgeschloen, an dat dann och gläich um Territoire vun der Stad. X Peng gëtt dann och ganz korrekt Chiao Peng ausgeschwat. Den P 7 ass hir Limousine an der Gamme.
Optesch fält ee mat deem op?
Duerchaus, wëll e wierkt dach zimmlech futuristesch, wat awer net stéiert. Eng ganz elegant Silhouette, fléissend Linnen a virun allem extreem aerodynamesch. En CW Wäert vun 0.26 dat ass remarkabel. Esou eppes wierkt sech besonnesch bei E-Autoen op d'Autonomie aus. Di Coupé Limousine streckt sech op 4m90 an ass 1m90 breet. Mee keng Angscht eng 360 Grad Kamera a vill Assistenz Systemer suergen dofir dass et keng Téitsche ginn.
E-Auto, a wéi schléit de P 7 sech dann do esou?
Och hei gëtt et näischt ze meckeren. Mir haten d'All Wheel Drive Versioun mat 473 PS Leeschtung. 4 Sekonnen op 100, an iwwer 200 km/h wa gewënscht, do kann e schonn emol deen een oder aneren un d'Staune bréngen. D'Batterie huet 86 kw/h Leeschtung an domadder soll ee 500km kommen. Bon, dat war net de Fall, mee ëm di 450 schonn. De Verbrauch louch an der Moyenne bei 18,5 kw, wat an d'Rei geet bei där Gréisst. Recuperatioun gëtt et beim Bremsen, mee komplett un d'Stoe kënnt den X Peng dann awer net. An enger hallwer Stonn kann d'Batterie nees vun 10 op 80 % gepusht ginn. Och deen hannert dem Volant konnt sech heiansdo de Smile net verknäifen, a war iwwerrascht wéi souverän den X Peng sech dach beweege léisst. Den Auto läit sat op der Strooss, Lenkung a Fuerwierk passen, a kéinten och vu vill méi etabléierte Marke kommen. D'4 Raad Traktioun dréit nach hiert dozou bäi. Dee Know How muss e sech schonn bei Experten aus der Branche geholl hunn. Duerch e laange Rad-Stand vun nobäi 3 Meter kënnt och de Confort u Bord net ze kuerz.
Wéi gesäit et da bannenan aus?
Elegant an top verschafft. D'Sëtzgarnitur ass bequeem an dat och op méi laangen Distanzen. Getoucht gëtt vill, wëll esou zimmlech alles leeft iwwer di zwee Ecranen. Net ëmmer ganz logesch, an et brauch ee schonn e bësse fir sech mam System ze familiariséieren. De Sproochassistent ass och keng grouss Hëllef, spréngt all Kéiers e klenge Männchen un de Bord vum Ecran, mee ka just englesch, kennt de Bustaf R net, an d'Äntwert op eng Fro ass dacks: "I work on it. Please try later". A wou den innovative Fortschrëtt soll leien fir mussen iwwer d'Feiler um Volant d'Baussespigelen ze verstellen, weess da wuel just X Peng selwer. Genee wéi dass et fir China fir e Frunk ass, also en zousätzlech d'Gefaach fir beispillsweis de Kabel fir ze lueden ze verstauen, a bei eis net. Deemno trëllt de Kabel an der Mall, an do passt da manner eran.


Wat kascht dann deen exotesche Modell P 7 Made in China, a wat géif een als Fazit festhalen?
Bon et hänkt jo elo dovun, of op a wéi di Taxen op chineesesche Modeller ausfalen. Wann déi net applizéiert géifen, jo da presentéiert sech d'Präis Lescht ganz attraktiv. Eng Versioun als RWD mat 273 PS gëtt fir ronn 48.000 Euro lancéiert. Fir eisen Testauto an 473 PS, voll ekipéiert, wären 58.000 Euro fälleg gewiescht. X Peng eng nei Mark déi ze iwwerzeege weess. Eréischt 10 Joer um Marché, Chapeau!
Mee d'Vetrauen an eng Mark gewannen dat steet op engem anere Blat an ass e laange Wee. Mol kucke wéi vill X Peng Modeller mir deemnächst am Alldag begéinen. Op Stock sinn si scho mol...











