Hutt dir Bensinn am Blutt awer nach ni eppes vun der Mark Steeda héieren? Da bleift elo drun, vum Paul Origer gi mer gewuer wat hannendru stécht – hien duerft deen neie Q767 op Häerz an Nieren testen.

12/09/2024 Automag

Paul, klär eis op, wien ass Steeda?

D’Mark Steeda gëtt et zënter 1988 a gouf vum Dario Orlando gegrënnt. No Erfolleger am Rennsport an engem Engagement bei Ford huet den Dario sech op den Tuning vum Ford Mustang konzentréiert. Zënter 2012 gëtt et Steeda och an Europa, et huet awer bis elo de Mee 2024 gedauert bis deen an Amerika enorm bekannten Tuner säi Wee op Lëtzebuerg fonnt huet.

An du has d’Geleeënheet esou ee komplett certifiéierte Mustang vu Steeda ze testen? Wat ënnerscheet esou een Auto da vun der Serieversioun?

Fir d’éischt emol baséiert de Modell Q767 um aktuelle Mustang Dark Horse vun 2024, also der neister Generatioun S650. Ënnert dem Capot, wéi soll et anescht sinn, stécht natierlech de 5-Liter V8, a mengem Testauto gekoppelt un eng 6-Gang manuell Boîte. Wou Steeda besonnesch Hand uleet, dat ass um Fuerwierk: Op Basis vum MagneRide-System kommen aner Fiederen an den Asaz, déi esouwuel fir d’Strooss ewéi fir d’Rennstreck daache sollen. Passend zu den neie Fiedere ginn et dann och verstellbar Stabilisatoren a Verstäerkungen um Chassis. De speziellen IRS-Kit vu Steeda fir déi hënnescht Achs verbessert de Grip an d’Stabilitéit wärend verstellbar Doumlager vir nach emol Feintuning un der Spuer erlaben. Donieft ginn et nach weider Méiglechkeeten, de Q767 optesch an technesch opzerëschten, am Käer bleift de Steeda Dark Horse awer relativ diskret a gëtt sech eréischt op den zweete Bléck ze erkennen. De birestaarke V8 mat 453 PS gëtt iwweregens net ugepaakt.

Also ee richtegen Track Tool, wéi ee géif soen – hues du dat dann och standesgeméiss getest?

Ech sinn definitiv kee professionelle Renn-Pilot an net onbedéngt Fan vum Circuit, dofir hat ech decidéiert fir de Steeda Q767 mol bis an d’Schwäizer Alpen ze entféieren. Um Wee dohinner an zeréck war ech schonn emol agreabel vun de Laangstreckekalitéiten iwwerrascht; weder de Geräisch- nach de Fiederkonfort hunn ënnert den Tuningmossnaame gelidden – am Géigendeel, de Q767 nervt am Alldeeglechen net a kann esouguer am braven Autobunn-Tempo spuersam ënnerwee sinn. Mee dat war awer net de But. Biergop beschleunegen, an de Serpentinnen an d’Kéier geheien, dat stoung op de Päss an de Berner Alpen um Menu. A wat soll ech soen, Steeda huet do aus dem Mustang ee wierklech héichkarätege Sportswon gemaach. D’Stabilitéit vum ëmmerhin 1900 Kilo schwéiere Steeda ass faszinant; a schaarfe Kéiere gëtt weder iwwert déi viischt Rieder gedréckt, nach wëll den Hënneschten een Eegeliewen entwéckelen. Esouguer wann een et provozéiert, an aus der Kéier eraus ze fréi op de Gas klëmmt, bleift dat däischtert Päerdche perfekt an der Spuer an zitt seng Bunn. Och d’Traktioun ass keen Thema, de V8 an déi manuell Boîte motivéiere mat Dréifreed, spektakulärer Klangkuliss a knackege Schaltweeër zum schwéiere rietse Fouss – dat bréngt de Q767 a virun allem déi 2 hënnescht Rieder awer net aus der Rou. Genee esou wéineg wéi déi ënnerschiddlech Stroossenzoustänn, sief et extrem Knubbelen fir erop op de Klausenpass oder kilometerlaange Pavé op der aler Gotthard-Passstrooss.

Dat kléngt jo, wéi wann’s de do nëmme Furri a keng Kritik haas?

Absolut a schéin dat mer an dëser Zäit nach dierfen esou eppes erliewen. Do kucken ech och gären doriwwer ewech, dat verschidden obligatoresch Assistenzsystemer mech enorm genervt hunn an een am neie Mustang ëmmer nees muss d’Astellungen nei programméieren. 10.530 Euro kascht et fir aus engem S650 ee wäschechte Steeda mat Pabeieren ze maachen; fir eng gutt Portioun Individualitéit an e Fuerverhalen op Rennsport-Niveau e fairen Tarif.