
Autoe mat enger Coupé Linn hu sech an tescht rar gemaach, mee et gëtt si nach. Bei Mercedes beispillsweis mam CLE.
CUT 1 Jo a mir haten eis bei der Presentatioun zesumme mam Kabrio op Teneriffa scho kuerz kennegeléiert. Elo dann op Lëtzebuerger Makadamm ënnerwee. Optesch an technesch weess deen AMG CLE sech ofzesëtzen an ze begeeschteren. Bon bei 3000 Kubik, feine 6 Zylinder Bi Turbo Hybrid, 449 PS an 250 km/h kënnt gutt Laun op. Wann da mol d'Verkéiersituatioun oder eng Radar fräi Zone et zouléisst. Ganz selbstbewosst säin Optrëtt, ouni vill Gedäisch, einfach souverän.
Speaker: Kucke mir an den Interieur:
CUT 2 Bannenan sinn et d'Amature vun der C-Klass, allerdéngs mat vill Individualitéit ugepasst. D'AMG Sportsëtzer sëtze wéi ugegoss. Di hënnescht Setzrei ass just fir kleng AMG Fans op kuerzen Distanzen eng Freed.
Alles ass prima verschafft, an um Touch Screen muss a kann esou vill agestallt, justéiert, an optiméiert ginn, do brauch een Zäit fir eens ze ginn. Burmester Sound dréit och nach zum Wuelfille bäi. Genee wéi d' Sproochassistentin déi op Commande "Hey Mercedes" séier a präzis de Wënsch vum Chauffer nokënnt.
Speaker: An, op der Strooss:
(CUT 3) Bon wa mir den AMG starten, da fält op dass dee Sound sech diskret zeréck hält. Och di klengste Beweegungen mam rietse Fouss gi vehement a Vitesse ëmgesat. D'9 Gang Automatik + Allrad Traktioun assistéiere wonnerbar.
D'Fuerverhalen mat vill Réckmeldung fir deen hannert dem Volant passt. Jo zu Affalterbach bei AMG kenne si hiert Handwierk. 8,5 Liter Verbrauch op 100 sinn dran, awer och eng Consommatioun am zweestellege Beräich, jee no Temperament's Wënsch.
Speaker: E Bléck an d'Präis Lescht:
(CUT 4) Jo dat Kapitel ass keen esou en agreabelt fir di meescht vun eis. Bon bei 91 500 Euro geet et lass, mee och bei AMG kann e sech an der Oppräis Lescht defouléieren, an Exemplaire vu wäit iwwer 100 000 Euro sinn do spilles méiglech. Mee eent ass sécher, den AMG CLE 53 huet elo schonn de Potential e Klassiker ze ginn.

