
Wat geschitt wann een en SUV an ee Kombi kräizt? Bei Mercedes kéint een d’Resultat All-Terrain nennen, den héichgeluechte Kombi am Offroad-Look. De Paul Origer hat fir eis de Mercedes C-Klass Allterrain am Alldagstest.
Audi hat den Trend mat hirem Allroad lassgetrëppelt, elo hält nach just Mercedes un dëser Zwitterkategorie fest.
D’Missioun
Vläit deenen, deenen en SUV ze flappeg an ee Kombi ze déif ass, dat richtegt Gefier unzebidden? Op jidde Fall ass den C-Klass Kombi an der All-Terrain-Ausféierung op esou munches virbereet: 4 cm méi héichgeluecht, d’office mat Allradundriw 4matic a grousse Rieder. Domat net genuch; hëlt een d’optional Luuchten Digital Light, da gëtt et fir déi, genee wéi och beim Fueren, speziell Offroad-Programmer. Am Gelänn gëtt d’Ëmgéigend domat besser ausgeliicht an de Chauffeur kritt zum Beispill beim Biergoffueren Ënnerstëtzung.
Den Design
Offroad-Design ass am Trend, beim C-Klass All-Terrain heescht dat Verbreedunge vun de Radkëschten am groe Plastik esouwéi enger eegener Kalander, spezielle Pare-Choce a Schweller mat Protektiounen an zu gudder Lescht exklusiv Felgendesigns.
Den Undriff
Hei ass de Choix séier gemaach; en Diesel an ee Bensinner stinn au Choix, mir haten den C 200 Bensinner; e 1500er Turbo-4-Zylinder mat 204 PS an natierlech Allrad. U sech goung deen duer, fir den All-Terrain relativ zügeg an awer spuersam virun ze beweegen. Enner Laascht huet en sech awer missen ustrengen an huet héich Toure gebraucht, dat géing den Diesel warscheinlech méi souverän meeschteren. Dofir war de Verbrauch mat gutt ënner 8 Liter ganz an der Rei. An och soss konnt den All-Terrain mat de Mercedes-typesche Laangstreckekalitéite gefalen. Dat extra entwéckelt Fuerwierk fiedert nämlech ganz manéierlech, Geräischer vu Pneuen oder Wand bleiwen diskret am Hannergrond. An ouni dem All-Terrain Bulli oder Gelänn unzedoen, huet besonnesch de Fuerconfort vun der spezieller Offroad-Konfiguratioun profitéiert. Déi bësse méi laang Fiederweeër an déi méi gemälleg Dämpfung waren op schlechte Stroosse mol guer net esou onnëtz. An de Plus vu 4 cm an der Héicht huet virun allem beim Eran- an Erausklammen esouwéi och beim Belueden e positive Nieweneffet bruecht.
Am Résumé
U sech keen esou schlecht Konzept; de Confort vum méi héighe Sëtzen an enger méi gemittlecher Fiederung mat manner Gewiicht a besserer Aerodynamik ze koppelen. Domat steet den All-Terrain besser do wéi ee SUV. Präislech ass dat anescht. Ouni Optioune start den C200 All-Terrain bei 58.000, den Diesel kascht 1500 Euro méi. E vergläichbare GLC kritt een allerdéngs scho fir 1000 Euro manner.