
Den Dacia Duster steet haut um Programm am Automag. E Modell, dee ganz vill zum Erfolleg vun der rumänescher Mark bäidréit, och elo sécherlech an der 3. Generatioun. An do weess een elo besonnesch gutt ze imponéieren, wéi de Christian Schmit bei sengem Test am Alldag erausfonnt huet.
Genee! An Däitschland géif e soen "Vom Mauerblümchen zum Hingucker". Di 3. Generatioun ass optesch gelongen. Et gëtt een op den Auto ugeschwat, op en Dacia wuelverstan! Déi 1. an déi 2. Generatioun war éischter e robuste 4X4, déi einfach gestréckt waren, a wou de Präis meeschtens fir de Kaf entscheedend war.

An dat ass elo anescht?
Jo, den Dacia Duster ass elo 4m34 laang, huet e kantegen Design, eng Buedemfräiheet vun 21cm, ass elo mat Automatik an Hybrid-Technik ze kréien. Et wëll een ewech vum bëllegen Image. An dat geléngt dem Duster och. E kënnt op 18 Zoll Felgen a proposéiert nei Faarf-Kombinatiounen. Ok, den haarde Plastik ass bliwwen an d'Sëtzer sinn net all ze bequeem. Mee d'Plazverhältnesser sinn uerdentlech an och an d'Mall passt genuch fir e Shoppingtour oder Rees.
Och den 10 Zoll Ecran an den digitale Cockpit wëlle weisen, hei spillt elo eng aner Gei. Och am neien Dacia gëtt elo um Ecran getoucht, an dee verbessert dech permanent mat dominante Pieps Téin bei Vitesse oder Spuer Infraktiounen.

Du haass gesot Hybrid Technik ënnert der Hauf?
Jo dee Moteur, bien sûr aus dem Renault Regal, ass e 1600er mat Startergenerateur. 94 PS + eng Synchronmaschinn an der Bôite integréiert. Eraus kommen dann 141 PS Systeem-Leeschtung. Déi ginn am Alldag sécherlech duer, mee deen hannert dem Volant sollt et verhalen ugoen. Dat Zesummespill tëscht E-Power a Verbrenner wierkt heiansdo dach onharmonesch. Spontan iwwerhuele gëtt mat vill Gedäisch an zéiem Temparement quittéiert. Revers vun der Medaill, e Verbrauch ënner 5 Liter. De 50 Liter Tank ass duergaange fir iwwer 900 Kilometer, dovunner der eng Partie reng elektresch. D'Lenkung léisst nach Loft no no uewen. A punkto Fiederung geet de Confort nach an d'Rei. Schued, dass d'Hybrid-Technik net mat der 4X4 Technik ka bestallt ginn. Sou bleift et just bei Traction avant.

A propos bestellen. Wat kascht dann den neien Dacia Duster?
Och an der 3. Generatioun kann nach en Duster fir ënner 20.000 Euro bestallt ginn. Den Testauto Dacia Duster Hybrid an der Extreme Versioun mat de kofferfaarwegen Elementer koum op 28 500 Euro. Den Dacia Duster ass e remarkabelen zäitgeméissen SUV ginn. Ob sech deen Opräiss fir d'Full Hybrid Versioun lount, muss da jidderee fir sech decidéieren.


Mam Dacia Duster Extreme Hybrid "on tour", vill Fotoen ginn et och. Déi hu mir ganz geschwënn prett op www.radio.rtl.lu fir iech prett.