Leschte Sonndeg goung den Mondial de l'Auto an der Seine Metropole op en Enn. Den Automag war do op Besuch.

Wat gouf gewisen, wat gouf gebueden? Abbé vum ganz abordabelen E-Auto bis zum Hyper Sports Woon fir ganz wéineg vun eis, waren zu Paräis um Rendezvous. De Christian Schmit mat den Detailer.

24/10/2024 Automag Mondial de l'Auto Paris (MAT USO)

Iwwer 500 000 Visiteuren sinn a 6 Deeg um Mondial de l'Auto passéiert. Jo et ware vill Konstrukteuren um Rendez-vous, net nëmmen därer aus China, a neen komplett war d'Lëscht natierlech net. Vill waren absent. Mee et sief den Automobil an d'Mobilitéit bleiwen an der Aktualitéit, an esou goufe  Prototypen, Nouveautéiten a Premièren un der Seine gewisen a gefeiert. E puer Beispiller. Renault 4, a Renault Twingo als Renaissance am E-Auto. Alpine A390, Mini Aceman a Mini John Cooper Works. Awer och Cadillac huet sech um Auto Parquet an Europa zeréck gemellt, a Lyric an Optiq matbruecht.

De Grupp Stellantis war gutt vetrueden mat der E-Famill bei Peugeot, e Citroën C4 resytlée, de futur Aircross, an Alfa Romeo Junior Hybrid. A Leapmotor aus China presentéiert. Deenen hiren T 03 Elektro Auto steet fir ënner 20 000 Euro beim Concessionnaire. Beim Grupp Volkswagen war et den Skoda Elroq als klengen elektreschen SUV deen an d'Vitrinn gesat gouf, an de VW Tayon.


BMW huet "neue Klasse" opgedëscht a gewise wouhin d'Rees bei deenen hi geet. A vill Fransousen hunn da bei Ford Appetit op Explorer a Capri gemaach krut. China da mat Skyworth, Hongqi, X-Peng, GAC a neie Modeller vu Maxus.

D'Koreaner ware mat KIA vertrueden an hunn do den EV3 lancéiert.


Tesla hat sech kuerzfristeg och nach ugemellt, an den extreemen Cyber Truck mat un d'Seine bruecht.

 

Interessant awer och de Côté "Made in France", an do sinn e ganz originellen Quadricycle Kilow aus der Haute Savoie deen an d'A gestach huet fir e puer Dausend Euro an op der anerer Säit mam Hypercar Delage D12 fir 2 Milliounen Euro an d'Reniassance vun där Prestige Mark vu Magny Cours.


Vill Interessi gouf et fir "d'Fabrique de l'Electrique", eng Initiativ vun der Filière Automobile et mobilité. Hei krut een erkläert a konnt e nokucken wéi en Elektroauto zesumme gesat gëtt. 


De Mondial de l'Auto dat waren awer och Expoen iwwer d'Mark Matra, Autoen déi a Filmer a Sérien eng Roll gespillt hunn,  an "on n'arrête pas le progrès". 

Rendezvous 2026 fir e weidere Mondial de l'Auto? D'Chance sti gutt.

RTL
RTL
RTL
RTL